[go: up one dir, main page]
More Web Proxy on the site http://driver.im/Op den Inhalt sprangen

Tejat Prior (Stär)

Vu Wikipedia

Den Tejat Prior (och Propus, ufänglech griichesch fir „vischte Fouss“) ass de Stär η Geminorum (Eta am Stärebild Gemini).

Den Tejat Prior ass en hallefreegelméissege Verännerleche vum Typ My Cephei. Seng Hellegkeet schwankt mat enger Period vun 235 Deeg tëscht +3,24 mag an +3,96 mag.

Den Tejat Prior ass e roude Ris mat der Spektralklass M3, hien ass ronn 349 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.

Als ekliptiknoe Stär kann den Tejat Prior vum Äerdmound an (zimmlech rar!) vu Planéite bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung war de 27. Juli 1910 duerch d'Venus, an déi virlescht den 11. Juli 1837 duerch de Merkur.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Portal Astronomie