Rhens
Rhens | |
---|---|
Land | Däitschland |
Awunner | 3.031 (31. Dezember 2023) |
Fläch | 16,31 km² |
Héicht | 65 m |
Koordinaten | 50°16'50"N, 7°37'5"O |
Telefonszon | 02628 |
Postcode | 56321 |
Websäit | http://rhens.welterbe-mittelrhein.de |
Rhens ass eng Stad am Landkrees Mayen-Koblenz a Rheinland-Pfalz an zweete Verwaltungssëtz vun der Verbandsgemeng Rhein-Mosel, zu där se och gehéiert.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Rhens läit op enger Héicht vu 77 m um westlechen Uwänner vum Rhäin, dat relativ flaach ass, vis-à-vis vum géien Hank, op där anerer Rhäinsäit, op deem d'Marksburg steet. Rhens gehéiert zanter zum UNESCO-Kultur-Weltierwen "Oberes Mittelrheintal".
Rhens ass mam Zuch oder iwwer d'B 9 gutt z'erreechen. Zu Rhens gehéieren d'Quartieren Hünenfeld a Schauren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Rhens gouf eng éischt Kéier den 29. September 874 schrëftlech ernimmt, wéi den Äerzbeschof vun Tréier Bertolf dem Klouschter St. Kunibert zu Köln säi Besëtz konfirméiert huet. 1174 hunn d'Grofe vu Saffenburg hire Rhenser Besëtz un d'Kurfürstentum Köln verkaaft.
Dat bedeitendst Evenement an der Geschicht vun der Stad war 1338, wéi de sougenannte Kurverein zu Rhense forméiert gouf, wou sech siwe Kurfürsten op déi zukünfteg Modalitéite vun der Wal vum neien däitsche Kinnek eens goufen, an dem Poopst säi vun him beusprocht Approbatiounsrecht oferkannt hunn.
Den 11. Juli 1346 gouf de Karel IV. (Karel I. vu Lëtzebuerg) zu Rhens zum réimesch-däitsche Kinnek gewielt. 1400 gouf de Wenzel, dem Keeser Karel IV. säi Jong, als réimesche Kinnek ofgewielt, an de Ruprecht III., de Palzgrof bei Rhein, zu Rhens zum neie Kinnek gewielt.
Zënter der Mëtt vum 19. Joerhonnert gëtt et Mineralwaasser a soss Gedrénks, dat hautesdaags ënner de Markennimm „Rhenser“, „Perling“ a „Silvetta“ verkaaft gëtt, zu Rhens ofgefëllt.
Rhens huet haut eppes iwwer 3000 Awunner.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- De Königsstuhl (vun ëm 1400)
- Scharfer Turm - vun 1396 direkt um Rhäin als Douanestuerm gebaut, méi spéit Prisong, zënter den 1990er Jore fir Manifestatiounen
- Stadhaus op der Maartplaz. De Rez-de-Chausée ass vu 1500, den ieweschte Stack an d'Giewele si vu ronn 1600.
- Deutsches Haus - gebaut 1566 -1570, imposant Fachwierkhaus.
- Historeschen Zentrum ("Flecke")
- d'Stadmauer mat hire Paarten
- d'Parkierch St. Dionysius Bausubstanz aus dem 11. Jh., barock Bannendekoratiounen
- Parkierch St. Theresia - direkt beim Zentrum
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]-
Aalt Stadhaus
-
Historeschen Zentrum
-
Ochsebur
-
Stadpaart mat Vue op d'aalt Stadhaus
-
St. Dionysius a Kierfecht
-
St. Theresia
-
Königsstuhl als Erënnerung un de Kurverein von Rhense 1338
-
Vue vum Rhenser Rhäinufer op d'Marksburg
-
Aalt Stadhaus
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Stephan Hoppe: Architektur der Renaissance am Rhein. In: Renaissance am Rhein, Katalog zur Ausstellung im LVR-Landesmuseum Bonn, 2010/2011. Verlag: Hatje Cantz. ISBN 978-3-7757-2707-5
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Rhens – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Internetsite vun der Stad Rhens
- Historesch Informatiounen iwwer Rhens bei regionalgeschichte.net