[go: up one dir, main page]
More Web Proxy on the site http://driver.im/Op den Inhalt sprangen

Elton John

Vu Wikipedia
Elton John
Gebuertsnumm Reginald Kenneth Dwight
Gebuer 25. Mäerz 1947
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Music,
Universitéit vu London
Aktivitéit Sänger, Komponist, Filmschauspiller, Keyboarder, Pianist, Discographesche Kënschtler, Museker, Liddertexter
Famill
Bestuet mat David Furnish

Den Elton Hercules John, CBE, gebuer de 25. Mäerz 1947 zu Pinner, Middlesex, Greater London als Reginald Kenneth Dwight, ass e brittesche Sänger, Komponist a Pianist.

Mat iwwer 900 Millioune verkaafte Placken an CDen[1] zielt hien zu deenen Interpreten, déi am meeschte Placken op der Welt verkaaft hunn. Eleng d'Single Candle in the Wind, déi en nom Doud vun der Prinzessin Diana nei opgeholl hat, gouf 45 milliounemol verkaaft.

Aner Hitte vun him sinn ë. a. Rocket Man, Crocodile Rock, Daniel, Goodbye Yellow Brick Road, Bennie And the Jets, Don't Let The Sun Go Down On Me, Philadelphia Freedom, Don't Go Breaking My Heart, Blue Eyes, I Guess That's Why They Call It The Blues, I'm Still Standing, Sorry Seems to Be the Hardest Word, Song for Guy, Just Like Belgium oder Nikita.

Den Elton John ass dräimol zu Lëtzebuerg opgetrueden, an zwar den 12. Dezember 2003, am Dezember 2010 an am Juni 2017, allkéiers an der Coque.[2]

  • Philip Norman: Sir Elton: the definitive biography of Elton John. Pan Books, London 2001, ISBN 0-330-37734-5.
Commons: Elton John – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Sir Elton John in Wien*. oe 24, 2013-06-22.
  2. "Elton John spielte auch vor Juncker und dem Großherzog." wort.lu, 25. Mäerz 2022.