[go: up one dir, main page]
More Web Proxy on the site http://driver.im/Op den Inhalt sprangen

Gemeng Leideleng

Vu Wikipedia
Gemeng Leideleng
D'Gemengenhaus vu Leideleng
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Leudelange
de: Leudelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Chef-lieu Leideleng
Buergermeeschter Lou Linster
Awunner 2.780
  1. Januar 2024
Fläch 13,57 km²
Héicht 318 m
Koordinaten 49° 33’ 59’’ N
      6° 3’ 53’’ O
LAU-Code LU0207
Websäit http://www.leudelange.lu
D'Kierch vu Leideleng mat der Monument aux morts Kapell

D'Gemeng Leideleng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an ass no der Uertschaft Leideleng benannt.

Uertschaften an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Leideleng ass opgedeelt an:

D'Herzogtum Lëtzebuerg gouf 1795 vun den Truppe vun der Franséischer Revolutioun eruewert an huet duerch de Friddensvertrag vu Campo-Formio vum 17. Oktober 1797 net méi zu den Éisträicheschen Nidderlanden, mä zu Frankräich ënnert dem Napoléon gehéiert. Duerfir goufe 1797 déi éischt Walen ënnert dem nouveau régime, nom Prinzip vun der République au Village organiséiert. Zu Leideleng waren deemools 21 Leit walberechtegt an d'Wale fir den Agent Municipal de la Commune de Leudelange, an anere Wierder de Buergermeeschter, goufen an der deemoleger entweiter Leidelenger Kierch ofgehalen.

De Leidelenger Bauer Nicolas Brosius gouf mat 15 Stëmmen den éischte Leidelenger Buergermeeschter. Den Nicolas Brosius huet de 25. August 1807 als Buergermeeschter demissionéiert, well hien, zesumme mat sengem Brudder Mathias an d'Arméi vum Napoléon agetrueden ass.

Als Buergermeeschter gouf hie vum Antoine Uselding ersat. Den 3. Leidelenger Buergermeeschter war den Theodor Kirpach an de 4. de Mathias Schmitz.

1823 gouf d'Gemeng Leideleng eng Sektioun vun der Gemeng Reckeng an dat bis 1856.

Den 1. Juli 1856 gouf duerch Gesetz vum 3. Mäerz 1856, d'Gemeng Leideleng gegrënnt. Dëst ass geschitt andeems d'Sektioun Leideleng an den Haff, dee Schléiwenhaff genannt gëtt, vun der Gemeng Reckeng (erëm) ofgetrennt goufen.

Den haitege "Kierchepad" an de "Schwaarze Pad" ginn als Deeler vum Kiem Tossebierg - Gehaansbierg gedeit[1].

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

De Wope vun der Leidelenger Gemeng weist ënnen e schwaarze Bier op gëllenem Fong an driwwer dräi sëlwer Merletten op roudem Fong.[2]

De Bier huet seng Originnen am Wope vun der Benediktinerabtei Sankt Maximäin vun Tréier.[3]

De 16. November 2018 huet sech d'Gemeng Leideleng eng nei visuell Identitéit ginn: e Rechteck a de Faarwe gold a rout, gefaalt zum Buschtaf "L". De Motto vum Logo ass: "Entfaalt Iech"[4].

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
Stroosseschëld an der Industriezon "Am Bann"

Ënnert dem nouveau régime:

  • 1797 - 1808: Nicolas Brosius
  • 1808 - 1820: Antoine Uselding
  • 1821 - 1823 : Mathias Schmitz
Stroosseschëld an der Industriezon "Am Bann"

Vun 1856 un

  • 1856 - 1861: Jean Fischbach
  • 1861 - 1873: Dominique Biver
  • 1873 - 1887: Jean Lehnertz
  • 1887 - 1888: Dominique Kirpach (faisant fonction)
  • 1888 - 1897: Jean Fischbach-Schmit
  • 1897 - 1901: Dominique Kirpach
  • 1901 - 1903: Pierre Brosius (faisant fonction)
  • 1903 - 1917: Nicolas Boeckes
  • 1917 - 1918: Nicolas Welter (faisant fonction)
  • 1918: Nicolas Welter
  • 1918 - 1921: Jean Melchior
  • 1921: Charles Stammet (faisant fonction)
  • 1921 - 1932: Jean Melchior
  • 1932 - 1940: Jean-Pierre Fischbach
  • 1940 - 1945: Ortsbürgermeister Vic. Arendt
  • 1945 - 1946: Aloyse Muller (faisant fonction)
  • 1946 - 1952: René Schummer[5]
  • 1952 - 1953: Pierre Weis
  • 1953 - 1970: René Schummer
  • 1970 - 1976: Raymond Kauffmann
  • 1976 - 1982: Nicolas Schroeder
  • 1982 - 2004: Fernand Conter
  • 2005 - 2012: Rob Roemen (DP)
  • 2013 - 2023: Diane Bisenius-Feipel
  • 2023 - haut: Lou Linster

Schäffen- a Gemengerot

[änneren | Quelltext änneren]
  • 2023 - haut: Vanessa Baldassari (Schäffen), Jean-Pierre Roemen (Schäffen), Nathalie Entringer, Philippe Wilmes, Sandrine Pompidou, Patrick Calmus, Marcel Jakobs, Denise Copette[6]
  • 2017 - 2023: Thomas Berend (Schäffen, bis Januar 2019), Jean-Paul Sunnen (Schäffen), Raphael Gindt (Schäffen, vum 14.2. 2019 un), Marcel Jakobs, Jean-Pierre Roemen, Lou Linster, Patrick Calmus, Christiane Hamen ép. Schmit.[7]
  • 2011 - 2017: Eugène Halsdorf (1. Schäffen), Victor Christophe (2. Schäffen), Patrick Calmus, Marcel Jakobs, Raymond Kauffmann, Marc Loess, Francisco Ramirez
  • op der aler Strooss
  • Akerheck
  • Atzebierg
  • Bakless Weieren
  • am Bann
  • Bannatsch
  • a Baerend
  • Banndriisch
  • Bernasswues
  • Berken
  • Blimmesweyer
  • Bommert
  • Boudel
  • Brichelechelchen
  • Brichen
  • Brill
  • Brommeschheck
  • Buchholz
  • um Deich
  • Déiregaart
  • Dideschlach
  • Diffeschgraecht
  • Dompen
  • Eelchen
  • Eelchesgewan
  • an der Ehs
  • Espenheck
  • Fronzel
  • Géierbierg
  • op der Geissekopp
  • Groussgewännchen
  • Gudesbiirchen
  • op Hals
  • Hirtenwooss
  • op den Hohen
  • Homeschlach
  • Hunnefeldchen
  • Huuscht
  • Jongebësch
  • Kalberpesch
  • Kéibësch
  • Këppbësch
  • Ketzlach
  • um Kiem
  • Kinneksweier
  • Kierchenheck
  • Knäppchen
  • Kuebelach
  • Kuelescherbësch
  • Laach
  • Laangebësch
  • Meeschbierg
  • Mohrwiss
  • Neiwisen
  • Nonnebësch
  • Nonnebrill
  • Nuechtweed
  • Oudefiirzchen
  • Palsbësch
  • Pëssendall
  • Pull
  • Reedel
  • Réidescht
  • Rothscheuer
  • Roudebësch
  • Saang am Baerend
  • Schéifert
  • Schéiwelsbond
  • Schireslach
  • Schlammfeldchen
  • Schmittsbiirchen
  • Schmuelwiss
  • Schwéngsweed
  • Stackels
  • Stengert
  • Stiedswee
  • Sporkels
  • Tommelbierg
  • Uecht
  • Urbeth
  • Weierwiss
  • Wëller
  • Wëllerbësch
  • Wittbësch
  • Wollefsdriesch
  • Zapesheck

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Leideleng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

  • 1888 Grënnung vun de Leidelenger Pompjeeën.
  • 1893 Grënnung vun der Leidelenger Musek
  • 1927 gouf zu Leideleng de Gaardebauveräin Amis de la Fleur gegrënnt.
  • Cercle Culturel & Historique ASBL
  • Chorale Ste Cécile
  • Oeuvres Paroissiales
  • Enrôlés de Force
  • H.U.K. Hëllef fir Ukrainësch Kanner ASBL
  • Parkinson Luxembourg ASBL
  • Amiperas Sektioun Leideleng
  • Ecurie des Prés
  • Fraen a Mammen
  • Frënn vun den Leidelenger Guiden a Scouten ASBL
  • Leidelenger Guiden a Scouten
  • Jugendhaus Leideleng
  • Leidelenger Pétanque Frënn ASBL
  • Natur & Ëmwelt Sektioun Leideleng
  • Spuerklub "Kee Problem"
  • Trëppelfrënn Leideleng ASBL
  • Supporterclub Leidelenger Musek
  • 1. FC Gruefwiss Leideleng
  • Dësch-Tennis Leideleng ASBL
  • KC Stramm op d'Damm Leideleng
  • LASEP Leudelange
  • Tennis-Club Leideleng
  • Velo-Club L'Endurance Leudelange ASBL
  • Wikimedia Lëtzebuerg ASBL

Neie Waassertuerm

[änneren | Quelltext änneren]
Den neie Leidelenger Waassertuerm
Den ale Leidelenger Waassertuerm

Mat enger Héicht vun 58 m ass d'Gebai mam neie Waassertuerm, dat tëscht der Escher Autobunn an der Leidelenger Aktivitéitszon "am Bann" steet, eent vun den zéng héchste Gebaier am Land. Dësen neie Waassertuerm beliwwert zesumme mat dem ale Waassertuerm, deen op der selwechter Héicht am „Hueschterterbësch" steet, den Zentrum vu Leideleng (Drockzon 1). Allen zwéin hunn e Volume vu 500 . De Schléiwenhaff (Drockzon 2) gëtt vum ënneschte Behälter mat sengen 900 Kubikmeter Waasser beliwwert.

De Projet gouf vun der Europäescher Unioun am Kader vum "Fonds Européen de Développement Régional", dem "FEDER", matfinanzéiert.

Ugefaange mat Baue gouf de 14. Juli 2005 a fäerdeg gouf en den 13. Juni 2008[8]

D'Par Leideleng gehéiert zum Parverband Gaasperech-Hollerech-Leideleng.

Commons: Leudelange – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Kierchtuermspromenaden Leideleng
  2. „D'Or à l'ours de sable au chef de gueules chargé de trois merlettes d'argent.“ Lokalhistoresch Ausso vum Leidelenger Wopen
  3. Kuck: J.A. Massard & G. Geimer, 2009. Auf den Spuren des Braunbären diesseits und jenseits der Sauer. In: Heimatkalender 2010 Eifelkreis Bitburg-Prüm, S. 101f. [1]
  4. Nei visuell Identitéit vun der Gemeng Archivéiert de(n) 31.01.2019. Gekuckt de(n) 19.11.2018.
  5. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert de(n) 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-05.
  6. Leideleng, Lou Linster mat 764 Stëmmen de klore Walgewënner. rtl.lu (11.6.2023). Gekuckt de(n) 13.6.2023.
  7. "Diane Bisenius-Feipel bleift Buergermeeschtesch." rtl.lu, 18.10.2017, 15:05:43.
  8. Broschür vum neie Waassertuern