Benjamin Franklin
Benjamin Franklin | |
---|---|
Pseudonym | Silence Dogood |
Gebuer |
17. Januar 1706 Boston |
Gestuerwen |
17. Abrëll 1790 Philadelphia |
Nationalitéit | British America, USA |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Schrëftsteller |
Partei | keng |
Member vun | Royal Society, American Philosophical Society, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Société d'agriculture de Paris, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino, Fräimaurerei |
Famill | |
Kanner | Sarah Franklin Bache |
De Benjamin Franklin, gebuer de 17. Januar 1706 zu Boston am Massachusetts, a gestuerwen de 17. Abrëll 1790 zu Philadelphia am Pennsylvania, war en nordamerikaneschen Drécker, Editeur, Schrëftsteller, Naturwëssenschaftler, Erfinder a Staatsmann.
De Franklin huet fir d'éischt als Drécker an Editeur geschafft, ier e mat 42 Joer an d'Politik gaangen ass.
Hien huet um Entworf vun der Onofhängegkeetserklärung vun de Vereenegte Staate vun Amerika matgeschafft a war ee vun deenen, déi se mat ënnerschriwwen hunn. Wärend der amerikanescher Revolutioun huet hien d'Vereenegt Staate vun Amerika als Diplomat a Frankräich vertrueden an huet souwuel den Allianztraité mat de Fransouse wéi och de Friddenstraité vu Paräis ausgehandelt, deen den amerikaneschen Onofhängegkeetskrich op en Enn bruecht huet. Als Delegéierte vun der Philadelphia Convention huet hien déi amerikanesch Verfassung mat ausgeschafft. Hie gëtt dann och zu de "Grënnerpäpp vun de Vereenegte Staate" gezielt.
Dem Benjamin Franklin louch säi Liewe laang vill drun, sech fir d'Gesellschaft anzesetzen. Hien huet déi éischt fräiwëlleg Pompjeeën zu Philadelphia gegrënnt an déi éischt ëffentlech Bibliothéik vun Amerika, an huet en Holzuewen entwéckelt, dee besonnesch gutt gehëtzt an net vill gedämpt huet. Ausserdeem huet hie wëssenschaftlech Entdeckungen an Erfindunge gemaach, wéi z. B. de Blëtzofleeder.
Dem Franklin seng Autobiographie hat laang e grousse Succès, an huet als Musterbeispill gegollt, wéi ee sech aus eegener Kraaft a mat Disziplin aus einfache Verhältnesser eropschaffe kann.
Fir hien ze commemoréieren, gouf fir den 100-Dollar-Billjee säi Bild erausgesicht.
An der Stad Lëtzebuerg, zu Hollerech, gouf eng Strooss no him genannt.[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Joseph A. Leo Lemay: The Life of Benjamin Franklin, 3 Bände, Philadelphia 2006
- Band 1: Journalist: 1706–1730, Philadelphia 2006, ISBN 0-8122-3854-0
- Band 2: Printer and Publisher: 1730–1747, Philadelphia 2006, ISBN 0-8122-3855-9
- Band 3: Soldier, Scientist, and Politician, 1748–1757, Philadelphia 2008, ISBN 978-0-8122-4121-1
- Edmund S. Morgan: Benjamin Franklin-Eine Biographie. (Aus dem Amerikanischen von Thorsten Schmidt) München: C. H. Beck 2006, 304 S.
- Walter Isaacson: Benjamin Franklin. An American Life, New York [u.a.] 2003, ISBN 0-684-80761-0
- Edmund S. Morgan: Benjamin Franklin, New Haven & London 2003, ISBN 0-300-10162-7 (dt. Ausgabe: Benjamin Franklin. Eine Biographie, München 2005, ISBN 3-406-53508-9
- H. W. Brands: The First American. The Life and Times of Benjamin Franklin, New York [u.a.] 2000, ISBN 0-385-49328-2
- Jürgen Overhoff: Benjamin Franklin. Erfinder, Freigeist, Staatenlenker, Stuttgart, 2006, ISBN 3-608-94134-7
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Benjamin Franklin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ L-1540.