Bouschéissen
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bouschéissen | |
---|---|
Bouschëtz bei engem Concours dobaussen | |
Typ | Sport, Olympesch Sportaart |
Olympesch Sportaart |
1900, 1904, 1908, 1920 an zënter 1972 |
Federatioun | |
International | World Archery Federation |
Lëtzebuerg | Fédération luxembourgeoise de tir à l'arc |
Ursprong | |
Aner Informatiounen | |
Gebraucht gëtt | Bou, Feil, Kächer |
Aktuelle Weltmeeschter ♂ |
Mete Gazoz (individuell 2023) |
Aktuelle Weltmeeschter ♀ |
Marie Horáčková (individuell 2023) |
Bouschéissen ass eng Prezisiounssportaart mat engem Bou an engem Feil.
D'Bousportaart déi hautdesdaags am meeschte verbreet ass, ass déi bei där mat Recurvebéi, op deenen Zilgeräter a Stabilisateure montéiert sinn, op standardiséierten Zilscheiwe geschoss gëtt. Et ass déi Disziplin, déi bei den Olympesche Spiller zougelooss ass an de Bou gëtt dowéinst och dacks als „olympesche Bou“ oder „klassesche Bou“ ((fr) arc classique) bezeechent.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bouschéissen ass eng vun den eelste Sportaarten déi haut nach ausgeüübt gëtt an s'ass enk mat der Entwécklung vun der Zivilisatioun verbonnen. D'Geschicht vun dësem Sport, geet Dausende vu Joer zeréck. Als kulturelle Fortschrëtt ka se mat der Entdeckung vum Feier an der Erfindung vum Rad verglach ginn.
D'Bouschéisse war de Liblingssport vun den egyptesche Pharaoe wärend der 18. Dynastie (1567 – 1320 v. Chr.). Vill Joerhonnerte méi spéit, wärend der Zhou-Dynastie (1046 – 256 v. Chr.) a China, goufen eng Rëtsch vun den eelsten dokumentéierte Bouschéissturnéier ofgehalen, un deenen de chineeseschen Adel deelgeholl huet. Vill méi spéit hunn eng Rei englesch Schrëftsteller de Laangbou an engem gewësse Sënn „veréiert“, well England deels duerch de Gebrauch vun deem Bou d'Schluechte vu Crécy (1346), Poitiers (1356) an Azincourt (1415) gewonnen huet.
Ëm 1200 v. Chr. hunn d'Hethiter an d'Assyrer hir Béi vun de Sträitween aus geschoss a se goufen esou an de Schluechten als terribel Géigner ugesinn. Si hunn hir Béi aus Seenen, Har an Holz gemaach a se hunn se ausserdeem gebéit. Doduerch ware se méi kuerz a méi staark a konnte vum Bouschëtz um Päerd méi einfach hantéiert ginn.
Reegelen a Concoursen am Bousschéissen
[änneren | Quelltext änneren]D'Zilscheiwe si vu bannen no baussen a Faarwen agedeelt, woubäi all Faarf an zwéi Réng opgedeelt ass: Giel („Gold“ genannt) = 10 respektiv 9 Punkten (Réng); Rout = 8/7 Punkten; Blo = 6/5 Punkten; Schwaarz = 4/3 Punkten a Wäiss = 2/1 Punkt(en).
Dacks gëtt dat gëllent Feld an dräi Réng agedeelt, woubäi de bannenzegste Rank och fir 10 Punkten zielt, dee wann néideg als Tiebreaker gebraucht gëtt. No all Saz vun dräi Fäiler pro Participant wënnt de Bouschëtz mat de meeschte Punkten de Saz a kritt 2 Sazpunkten am Match.
Am Fräien
[änneren | Quelltext änneren]Fir Championnater a bei den Olympesche Spiller: 2 mol 36 Feiler op enger Distanz vu 70 m, duerno virun nom K.O.-Prinzip, den 1. géint den 32., den 2 géint den 31. asw. bis an d'Finall.
An der Hal
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Am Feld
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Bouschéissen an d'Olympesch Spiller
[änneren | Quelltext änneren]Bouschéisse gehéiert zanter 1972 zu den olympesche Sportaarten. Virdru war et schonn an de Joren 1900, 1904, 1908 an 1920 am Programm vun den olympesche Spiller vertrueden. Bei den Olympesche Spiller 1904 war et déi eenzeg Sportaart, bei där och Fraen hunn dierfen deelhuelen.
Olympesch Summerspiller 2024
[änneren | Quelltext änneren]Zur Zäit gëtt et bei allen Olympesche Spiller fënnef Concoursen: Mannschafts- an Eenzel-Concourse fir Hären a fir Dammen an e gemëschte Mannschaftsconcours.
Bouschéissen zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Zu Lëtzebuerg gëtt et eelef Bouschéissclibb déi am nationale Verband federéiert sinn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de tir à l'arc.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bouschéissen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Informatiounen iwwer d'Bouschéissen op der Internetsäit vun den Olympesche Spiller 2024 zu Paräis (de)
- Bouschéiss-Weltmeeschterschaften (fr)
- Websäit vun der Lëtzebuerger Bouschéiss-Federatioun