Acromantula
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
Liewensraum: | Verbuedene Bësch |
Ausgesinn: | Schwaarz, monsteraarteg Spann mat aacht Aen |
Klassikikatioun: | XXXXX |
Kënnt vir an: | Deel 2 Deel 6 Deel 7 Fantastesch Déieren a wou se ze fanne sinn |
D'Acromantula ass e Fabeldéier an den Harry Potter Romaner vun der britescher Schrëftstellerin Joanne K. Rowling.
Beschreiwung a Verhalen
D'Acromantula ass eng riseg Spann mat aacht Aen, där dicht, schwaarz Hoer um ganze Kieper wuessen. Si huet bis zu dräi Meter laang Been mat um Enn geféierleche Schéieren. Domat ka se, bei Roserei an Opreegung, e gelungent Klicke vu sech ginn dat se an hir Sproch abaut. Et si Fleeschfrësser déi eng Virléift fir grouss Affer hunn. D'Acromantula gehéiert zu deene wéinege Fabeldéieren déi der mënschlecher Sprooch mächteg sinn. D'Weibercher si méi grouss wéi d'Männercher.
Acromantulae sinn Déieren déi a grousse Kolonien am liewen, mat ee bis zwee alen Déieren, déi als Leetdéiere fungéieren. Se bauen hir Spawecken a Kuppelform um Buedem. An enger Grupp sinn all d'Spannen d'Kanner vun den Leetdéieren. D'Weibche kann bis zu honnert, wäiss, mëll Eeër op eng Kéier leeën. Déi jonk Spanne ginn no ongeféier sechs bis aacht Wochen aus, duerno hëllefen se Iessen unzeschafen.
An der Klassifikatioun vun de Fabeldéieren gëtt se als XXXXX (Bekannt Wiesen déi Zauberer ëmbréngen, onméiglech ofzeriichten oder zam ze kréien) aklasséiert.
Liewensraum
D'Acromantula kënnt aus dem Reebësch vun den groussen a klengen indonesischen Inselen, wéi Borneo, Sulawesi, Sumatra a Java. Duerch de Schwaarzmaart an deene Regioune koumen s'am 18. Joerhonnert op d'asiatescht Festland an d'Nordküst vun Australien. Se iwwerliewe sougutt an der Hëtzt wéi an der Keelt.
Et gëtt souguer Geschichten iwwert eng Kolonie an de schottesche Bëscher, mä dat konnt nach net nogewise ginn.
Déi gigantesch Spann privilegiéiert Bëscher an deenen et och vereenzelt, oppe Plaze gëtt fir hir Affer ze fänken.
Geschicht
D'Acromantula ass wahrscheinlech vun engem Zauberer op der Insel Borneo geziicht ginn. Dohier kënnt et och, datt se d'mënschlech Sprooch beherrschen. Nëmme wéineg Fabeldéiere kënnen déi vun sech alleng léieren. Eng Ausnahm ass de Kappa, deen dem Mënsch bal alles nomécht. Wéi scho gesot gouf d'Acromantula, duerch de Schwaarzmaart vill doruechter verdeelt, an iwwerall gouf versicht d'Populatioun kléng ze halen.
Zanter e puer Joerhonnerten ass de Ver- an Akaf vun hiren Eeër verbueden.
An de Bicher
Eng Acromatula kënnt fir d'éischt am zweete Band vir. Ënner dem Numm Aragog ass et eng männlech Spann an dem Rubeus Hagrid säin Hausdéier. Dës gouf vir en Muerd un enger Hogwatsschülerin beschëllegt. Duech d'Angreifen vun dem Albus Dumbledore ass den Hagrid enger eeschter Stroof entgaangen. Fofzég Joer duerno gouf et sechs Attaquen vir déi ëremm den Aragog verandwortlech sollt sinn. Dës Kéier koum den Hagrid op Askaban an nëmmen duech d'Virwëtzegkeet vum Harry Potter an sengen Frënn konnt den wieklechen Schëllegen, en Basilisk (→Fabeldéieren an den Harry Potter Romanen), entdeckt an besigt ginn.