Richard Christopher Carrington
De Richard Christopher Carrington, gebuer de 26. Mee 1826 zu Chelsea, a gestuerwen de 27. November 1875 zu Redhill an England, war e engleschen Amateurastronom.
Richard Christopher Carrington | |
---|---|
Gebuer |
26. Mee 1826 Chelsea |
Gestuerwen | 27. November 1875 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Trinity College |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | Royal Society |
Liewen a Karriär
ännerenDe Carrington war dräi Joer Assistent beim Chevallier zu Durham an huet duerno säin eegenen Observatoire zu Redhill gebaut, wou hien 1854 Zirkumpolarstären erfuerscht huet. Doriwwer eraus hat hien och d'Sonn ënnersicht, ugereegt duerch dem Heinrich Schwabe seng Entdeckung vum Zesummenhank tëscht der Period vun de Sonneflecken an dem Äerdmagnéitismus. Am Joer 1859 huet de Carrington d'Sonneneruptiounen entdeckt. Dat geleeëentlech nom Carrington genannt solar Wäissliicht-Evenement vum 1. September 1859 ass awer onofhängeg och vum Richard Hodgson observéiert ginn. 1863 huet de Carrington d'differentiell Rotatioun vun der Sonn entdeckt. Säi Stärekatalog war e wichtege zäitgenëssesche Bäitrag fir d'Erfuersche vun astronomeschen Objeten.
Auszeechnunge
änneren- 1859 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.
- 1935 gouf e Moundkrater no him genannt. (Krater Carrington)
Wierker
ännerenLiteratur
änneren- John North: Viewegs Geschichte der Astronomie und Kosmologie. Springer, Berlin; Auflage: 1 (10. Januar 2001), ISBN 978-3-540-41585-5
Um Spaweck
änneren- A Super Solar Flare nasa.gov, ofgeruff de 24. Juni 2011