[go: up one dir, main page]
More Web Proxy on the site http://driver.im/

Léon Lippmann

lëtzebuergeschen Eisebunnsmanager a Banquier

De Léon (oder Leo) Lippmann[1], gebuer den 1. Mäerz 1808 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 11. November 1883 zu Amsterdam, war en Eisebunnsmanager a Banquier.

Léon Lippmann
Gebuer 1. Mäerz 1808
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. November 1883
Amsterdam
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Banquier
Famill
Bestuet mat Lina Lippmann
Papp Jonas Lippmann
Geschwëster Isaï Lippmann

Als Jong vum Jonas Lippmann huet hie fir d'éischt als Reesender vu sengem Papp senger Händschefabréck geschafft. Méi spéit gouf en Direkter vu verschiddenen hollänneschen Eisebunnsgesellschaften. 1858 huet hien zu Amsterdam eng Bank, d'Bank Lippmann, Rosenthal & Cie, matgegrënnt. Hie gouf och do Lëtzebuerger Konsul.

Hie war de Brudder vum Isaï Lippmann a war zweemol bestuet: fir d'éischt mat der Henriette Enthoven, déi 1846 gestuerwen ass, a vun 1853 bis zu sengem Doud mat der Lina Nathan.[2]

Hien ass um ale jiddesche Kierfecht a Clausen begruewen[3].

Gielercher

änneren

Fotoalbum

änneren

Kuckt och

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. Um Gebuertsakt vun der Stad Lëtzebuerg als Lÿon resp. Lyon Lippmann agedroen
  2. Centre culturel et d'éducation populaire de Bonnevoie: Gabriel Lippmann. Bonnevoie s.d.
  3. Cf. Familljegraf Lippmann um ale jiddesche Kierfecht zu Clausen.
  4. (fr)Intérieur. L'indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (31. Mee 1874). Gekuckt de(n) 24.01.2023.