Kazen
Kazen (Felidae) sinn eng Famill aus der Uerdnung vun de Raubdéieren (Carnivora) aus der Klass vun de Mamendéieren (Mammalia).
Kazen | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Wëll Kaz | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Felidae „Fischer“ 1817 | |||||||||||||
Ënnerfamilljen | |||||||||||||
Evolutioun
ännerenViru 70 Millioune Joer sinn e puer Gruppe vu Karnivoren, kleng, wiselähnlech Déieren entstanen. Virun ongeféier 50 Millioune Joer ass aus enger vun hinnen d'Gattung Miacis entstanen, déi d'Virfahre vun den haitege Raubdéieren, also och de Kazen, waren.
Anatomie
ännerenKazen hunn e muskuléise Kierper, dee si séier a kraaftvoll beweege kënnen. Déi meescht Kaze liewen a Bëscher, wou si duerch hir kräfteg viischt Been a schaarf Krallen op d'Beem klamme kënnen. Si hu kräfteg hënnescht Been mat deene si wäit an héich sprange kënnen.
Hiren Ënnerkifer kënne si just op an of beweegen a si hu laang a spatz Eckzänn an eng rau Zong.
Systematik
ännerenEt gëtt ongeféier 38 Kazenaarten déi an 3 Ënnerfamilljen opgedeelt sinn:
- Ënnerfamill: Felis oder Klengkazen
- Gattung Kaz (Felis) mat der Hauskaz
- Gattung Otocolobus
- Gattung Catopuma
- Gattung Profelis
- Gattung Luchsen (Lynx)
- Gattung Prionailurus
- Gattung Caracal
- Gattung Oncifelis
- Gattung Herpailurus
- Gattung Leptailurus
- Gattung Orealiurus
- Gattung Leopardus
- Gattung Puma
- Ënnerfamill: Pantherinae oder Grousskazen
- Ënnerfamill: Acinonychinae
Um Spaweck
ännerenCommons: Kazen – Biller, Videoen oder Audiodateien |