Englesch
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Englesch English | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Vereenegt Kinnekräich USA Australien Kanada Südafrika Indien Pakistan an an 98 anere Länner |
Regioun: | |
Gëtt geschwat vun: | 340 Milliounen (Mammesprooch) |
Klassement: | 3 |
Klassifikatioun no Famill: | Indoeuropäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Vereenegt Kinnekräich (de facto) USA (de facto) Australien (de facto) Kanada Irland Neiséiland de meeschte Commonwealth Länner. |
Reglementéiert vun: | |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | en |
ISO 639-2 | eng |
ISO 639-3 | eng |
Englesch ass eng Sprooch, déi aus dem Germanesche kënnt. Si gehéiert zu de West-Germanesche Sproochen. Et ass déi offiziell Sprooch vun iwwer 1,7 Milliarde Leit. inklusiv 330 Millioune Mammesproochler.[1]
Geschicht
ännerenDéi englesch Sprooch huet sech zënter dem Mëttelalter duerch d'Immigratioun vun Nordséigermanesche Vëlker entwéckelt, déi a Britannien agewandert sinn. Ënnert hinne waren d'Angelen - vun deenen d'Wuert Angelsachsen ofgeleet ass - an d'Sachsen. Déi fréi Forme vun der Sprooch ginn dowéinst och alt Angelsächseg genannt.
Geographesch Verbreedung
ännerenDen englesche Sproochraum
änneren-
██ Länner vun der Welt, an deenen Englesch als Amtssprooch oder als National- a Verkéierssprooch geschwat gëtt: Brittesch Inselen inkl. Kanalinselen, USA, Kanada, Australien, Neiséiland, Jamaika grad ewéi déi Gebidder, déi vum Vereenegte Kinnekräich ofhänken: Bermuda, Falklandinselen, Gibraltar, Saint Helena, Ascension an Tristan da Cunha – Ausnamen: am Québec (ëstlecht Kanada) ass Franséisch d'Amts- an d'Nationalsprooch an an Nunavut ginn haaptsächlech d'Sprooche vun den Urawunner geschwat. ██ Länner, an deenen Englesch just als Niewesprooch Amtssprooch ass
Varietéite vun der englescher Sprooch
ännerenWéi d'englesch Sprooch sech weltwäit verbreet huet, si vill Varietéiten entstanen oder se huet sech mat anere Sprooche gemëscht. Haut gëtt tëscht follgende Variante vun der englescher Sprooch ënnerscheet:
- Afroamerikanescht Englesch
- Amerikanescht Englesch
- Aukaans, Saramaccaans an Sranantongo (Surinam-Englesch)
- Australescht Englesch
- Bislama (Vanuatu-Englesch)
- Brittescht Englesch
- Kalifornescht Englesch
- Falklännescht Englesch
- Hawaiescht Englesch
- Hiberno-Englesch (an Irland)
- Hongkong-Englesch
- Indescht Englesch
- Jamaika-Kreol (Jamaikanescht Englesch)
- Kamtok (Kamerunescht Englesch)
- Kanadescht Englesch
- Karibescht Englesch (Kreolescht Englesch)
- Krio (Sierra Leone-Englesch)
- Kriol an Torres Creole (nërdlech-australescht Englesch)
- Liberian English (Liberianescht Englesch)
- Manglish (Malaysesch Englesch)
- Midatlantic English
- Neiséilännescht Englesch
- Ngatik Men's Creole (Mikroneesescht Englesch)
- Nigerianescht Pidgin (Nigeria-Englesch)
- Philippinnescht Englesch
- Pijin (Salomonen-Englesch)
- Pitcairn-Englesch
- Schottescht Englesch
- Scots (net ze verwiessele mam schotteschem Englesch)
- Singlish (Singapurescht Englesch)
- Südafrikanischt Englesch
- Tinglish (Thai-Englesch)
- Tok Pisin (Papua-Neiguinea-Englesch)
- Walisescht Englesch
Schreifweis an Aussprooch
ännerenAlphabet
ännerenD'Englesch Sprooch gëtt mam Laténgeschen Alphabet geschriwwen.
Grammaire
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Textbeispill
ännerenEnglesch[1] | Lëtzebuergesch |
---|---|
All human beings are born free and equal in dignity and rights. They are endowed with reason and conscience and should act towards one another in a spirit of brotherhood. | All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen. |
Um Spaweck
ännerenWikipedia op Englesch |
Commons: Englesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 Diffusion Multilingue des Droits de l'Homme, France, Universal Declaration of Human Rights. www.ohchr.org. Gekuckt de(n) 22.11.2024.