Paul Eyschen
Paul Eyschen | |
---|---|
Gebuer |
9. September 1841 Dikrech |
Gestuerwen |
12. Oktober 1915 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Universitéit vu Paräis, Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker, Staatsmann, Diplomat, Affekot |
Partei | keng |
De Paul Eyschen gebuer den 9. September 1841 zu Dikrech, a gestuerwen den 12. Oktober 1915[1],[2] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist, Diplomat, Minister a Staatsminister.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Paul Eyschen, Jong vum Charles-Gérard Eyschen, huet zu Paräis an zu Bonn Droit studéiert a gouf 1865 Affekot um Stater Barreau.
Den 12. Juni 1866 gouf hien als Deputéierten an d'Assemblée des États als Vertrieder vum Kanton Wolz gewielt. Well hien den Dag vun de Walen awer nach keng 25 Joer al war, wéi dat vun der Verfassung virgeschriwwe war, gouf dem Paul Eyschen seng Wiel op Initiativ vum Félix de Blochausen vun der Chamber annuléiert. Den 10. November 1866 gouf déi vakant Plaz nees zur Wal ausgeschriwwen an de Paul Eyschen, deen dunn 25 Joer al war, gouf op d'Plaz (zeréck-)gewielt[3].
Vun 1875 bis 1888 war hie Chargé d'affaires géintiwwer der däitscher Regierung. Tëscht 1876 an 1888 war hie Generaldirekter (d. h. Minister) fir Justiz an de Regierungen de Blochausen an Thilges.
Hien huet och Aufsätz ënner dem Pseudonym Paolo geschriwwen. De bekanntsten ass wuel dee fir d'fënnefanzwanzegjäregt Bestoe vum Feierwon, deen 1884 an der Wochenzeitung Das Luxemburger Land publizéiert gouf. En handelt vun der Bedeitung vun der Lëtzebuerger Sprooch fir déi politesch Selbsstännegkeet vum Land[4].
Den 22. September 1888 huet hien d'Nofolleg vum Édouard Thilges als Staatsminister a Regierungspresident iwwerholl, eng Funktioun, déi e 27 Joer laang, bis zu sengem Doud 1915, hat. Gläichzäiteg war hien och Generaldirekter fir Aussebezéiungen, a vun 1896 un, fir Landwirtschaft a Wäibau.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
De Paul Eyschen ass onerwaart den 12. Oktober 1915 a senger Wunneng an der Dräikinneksgaass[1] (Stad Lëtzebuerg) un engem Häerzinfarkt gestuerwen. Hie krut e Staatsbegriefnes, mat enger Läichepressioun bis op den Nikloskierfecht um Lampertsbierg, wou hie begruewe gouf. (J. Mersch, 1953). Säi monumentaalt Graf ass vum Sosthène Weis.
No him benannt
[änneren | Quelltext änneren]Zu senger Éier goufen e puer Monumenter opgeriicht:
- zu Dikrech, am Park nieft dem Stadhaus
- zu Stadbriedemes: kuckt Paul Eyschen-Monument zu Stadbriedemes
- zu Kautebaach.
Et goufen och e puer Stroossen no him benannt, an zwar zu Beetebuerg, an der Stad, zu Mëlleref, Munneref an zu Nidderkuer.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand-croix vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1894)[5]
- Grand-croix vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (Promotioun 1889)[6]
- Grand-croix vum Ordre du Lion Néerlandais (Promotioun 1890)[6]
- Grand-croix vum Ordre de la couronne d'Italie (Promotioun 1890)[6]
- Grand-croix vum Ordre du Lion d'or de la maison de Nassau (Promotioun 1893)[6]
- Grand-croix vum Ordre de la Légion d'honneur (Promotioun 1901)[6][7]
- Grand-croix vum Ordre de l'Aigle Rouge de Prusse (Promotioun 1903)[6]
- Grand cordon vum Ordre portugais du Christ (Promotioun 1880)[6]
- Grand cordon vum Ordre de Léopold de Belgique (Promotioun 1891)[6]
- Commandeur vum Ordre de François Joseph d'Autriche (Promotioun 1882)[6]
- Chevalier 1ère classe vum Ordre de la Couronne de Prusse (Promotioun 1888)[6]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Dostert, Paul, 2003. Paul EYSCHEN 1841-1915. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 293-295. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
- Haag, Emil, 2011. Paul Eyschen *1841 †1915, un Premier ministre à vie, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 292-299.
- Mersch, Jules (éd.), 1953. Biographie nationale du Pays de Luxembourg, fascicule 5. Imprimerie Victor Buck, Lëtzebuerg. Online op der Websäit vun der Nationalbibliothéik
- Jules Mersch. Paul Eyschen. S. 71-153.
- Antoine Funck. EYSCHENIANA. S. 155-168.
- Léon Metzler. In Memoriam Paul Eyschen, homme d'Etat et jurisconsulte. S. 169-234.
- Marcel Noppeney. Paul EYSCHEN entre la France et l'Allemagne. S. 235-241.
- Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, Ss. 35-36.
- Thill, Marc, 2015, Paul EYSCHEN 1841-1915, Patriarch der Politik. In: Luxemburger Wort, 10. Oktober 2015 an op wort.lu
- Welter, Nikolaus, 1929. Das Luxemburgische und sein Schrifttum. 9., durchges. Aufl. 158 S. G. Soupert, Luxemburg.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]-
De Paul Eyschen als Staatsminister.
-
Zu Munneref am Kurpark.
-
Portrait gemoolt vun der Thérèse Glaesener-Hartmann.
-
Foto vum Hafffotograf Charles Grieser.
-
Karikatur vum Pierre Blanc.
-
Begriefnes vum Paul Eyschen.
-
Graf vum Paul Eyschen um Nikloskierfecht.
-
Plack um Haus vum Paul Eyschen um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg (décédé le 12 novembre [sic] 1915)
-
Kautebaach (1916)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Paul Eyschen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Staatsminister PAUL EYSCHEN † am Escher Tageblatt vum 12.10.1915
- ↑ Eyschen, Paul Artikel vum Denis Scuto op “1914-1918-online. International Encyclopedia of the First World War”
- ↑ Cf. http://www.luxemburgensia.bnl.lu/cgi/luxonline1_2.pl?action=fv&sid=luxbio&vol=05&page=71, entsprécht Mersch 1953 an der Literatur.
- ↑ Cf. Welter 1929: 33 an der Literatur.
- ↑ Lëscht vun de Leit déi 1894 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert de(n) 03.03.2016. Gekuckt de(n) 11.01.2013.
- ↑ 6,00 6,01 6,02 6,03 6,04 6,05 6,06 6,07 6,08 6,09 Hommage un de Paul Eyschen an der Luxemburger Illustrierte N°20 vum 30. Oktober 1930
- ↑ (de)Lokalneuigkeiten - Ordensauszeichnungen. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (18. Mäerz 1901). Gekuckt de(n) 25.07.2023.
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Premierministere vu Lëtzebuerg
- Ausseministere vu Lëtzebuerg
- Justizministere vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Affekoten
- Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne
- Gebuer 1841
- Gestuerwen 1915
- Grand-croix de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand Cordon vum Ordre de Léopold
- Grand-croix de la Légion d'honneur
- Landwirtschaftsministere vu Lëtzebuerg
- Ritter vum Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass