[go: up one dir, main page]
More Web Proxy on the site http://driver.im/Op den Inhalt sprangen

Éig

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem landwirtschaftlechte Geschier Éig. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Éig (Homonymie).
Eng modern zesummeklappbar Éig

Eng Éig [eiç], och alt Éigt, ass e landwirtschaftlecht Geschier, fir déi iewescht Couche vum Buedem ze zergrimmelen, déck Knuppe Buedem ze verklengeren, oder frësch geséinte Som anzeschaffen. An hirer ursprénglecher Form handelt et sech ëm en (hëlzent) Gerëscht, un deem Zäpp sinn, déi iwwer de Buedem gezu ginn.

D'Bestanddeeler vun enger Éig sinn: d'Rumm, d'Schläf, an d'Zänn[1]

Ofhängeg vum Buedem kann déi traditionell Éig mat enger Scheiwenéig ersat ginn. Et gëtt nach eng Zort mat gefiederten Zänn, entweeder mat Zänn aus Fiederstol oder mat Zänn déi eng Ophänkung mat enger Drockfieder hunn. Déi gëtt generell jee no Ausféierung als Fiederzant, oder Grubber, bezeechent.

Commons: Éigen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Lemma "Éig" am LWB, engelmann.uni.lu.